Pos Stolpersteng, 54, Rue de Macher, Réimech, Lex Delles
D'Stad Réimech, de Buergermeeschter Henri Kox, d'Membere vum Schäffen- a Gemengerot an aacht Lokalassociatiounen hunn de Parrainage vun dëse Steng iwwerholl. Den nämmlechten Dag huet d'Gemeng an Zesummenaarbecht mat der asbl MemoShoah Lëtzebuerg eng Plaz fir d'Affer vun der Shoah ageweit. Domat ass Réimech déi éischt Uertschaft am Land déi sou ausdrécklech hir fréier jüddesch Awunner éiert.
- D'Verleeung vun de Stolpersteng huet beim Haus op Nr 54 an der Rue de Macher ugefaang. De Munnerefer Buergermeeschter huet der Zeremonie bäigewunnt.
- D'Famill Deichmann-Aron huet vun 1934 bis 1938 op där Plaz gewunnt. 1938 huet d'Koppel sech getrennt an den Kurt Deichmann (1907 zu Algrange gebuer) ass no Brasilien ausgewandert. D'Alice Deichmann-Aron (1903 zu Nürnberg gebuer) ass nom preiseschen Iwwerfall op Lëtzebuerg mat hirer Duechter Marion a Frankräich geflücht. Si gouf do verhaft an am Camp vun Drancy internéiert, vu wou si 1942 op Auschwitz deportéiert an do ëmbruecht gouf. D'Marion Deichmann huet de Krich iwwerlieft an hir Liewensgeschicht ënner dem Titel Je voudrais que son nom apparaisse partout verëffentlecht.
Relevante Bilder
Relevante Artikel
Regierung Bettel-Schneider/Kersch-Braz/BauschDie Regierung Bettel-Schneider/Kersch-Braz/Bausch, alternativ auch Regierung Bettel II, wurde am 5. Dezember 2018 in Luxemburg vereidigt. Sie bildete sich nach der Kammerwahl 2018. Bei dieser Wahl wurde die Oppositionspartei CSV trotz Verlusten wieder stärkste Partei. Die liberale DP, die sozialdemokratische LSAP und die luxemburgischen Grünen bildeten eine Koalitionsregierung. Xavier Bettel (DP) ist Premierminister. Paulette Lenert (LSAP) und François Bausch (Grüne) sind die beiden Vizepremierminister. .. weiterlesen