Emile Eicher, Concert de bienfaisance MemoShoah 2014
Am Kader vum Klenge Maarnicher Festival hat d'Associatioun MemoShoah Lëtzebuerg de 27. Abrëll 2014 op e Concert de bienfaisance an de d'Klouschter op der Pafemillen zu Cinqfontaines agelueden. Den Evenement stoung ënner dem Patronage vun der Wëntger Gemeng an Zesummenaarbecht mam Cube 521.
De Concert an der Klouschterkapell gouf vum Trio Louvigny zesumme mat der Anne Börgmann gespillt. Den Erléis vun der Manifestatioun war fir de Projet vu MemoShoah op dësem Site e «Centre de rencontre et de mémoire de la Shoah» anzeriichten.
D'Klouschter, 1903 vun den Häerz-Jesu Patere gegrënnt, gouf am Zweete Weltkrich vun den Nazien als Internéierunglager fir jiddesch Matbierger benotzt. An der Zäit vun 1941 bis 1943 goufen hei ënner onmënschleche Konditiounen eng knapp 300 Leit duerchgeschleist, ier se a Vernichtungslager an Osteuropa ëmbruecht goufen.Relevante Artikel
Emile EicherEmile Eicher ist ein luxemburgischer Politiker der Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei (CSV), der seit 2009 Mitglied der Abgeordnetenkammer ist. .. weiterlesen