Alain Nacache

Alain David Nacache (* 9. Juni 1972 in Cannes) ist ein französischer Rabbiner.

Nacache war Rabbiner in Monaco, Lausanne und Bordeaux.[1] Seit dem 1. November 2011 ist er Großrabbiner der Israelitischen Gemeinde von Luxemburg.

Weblinks

Commons: Alain Nacache – Sammlung von Bildern, Videos und Audiodateien

Einzelnachweise

  1. chronicle.lu

Auf dieser Seite verwendete Medien

Alain Nacache, Pos Stolpersteng Joseph Kinman a Jakob Hayum, Munneref-102.jpg
(c) Jwh at Wikipedia Luxembourg, CC BY-SA 3.0 lu
Als ofschléissend Aktioun am Kader vu "Mémoires communes - verfollegt, verdrängt, vergiess" huet d'Gemeng Munneref de 6. November 2015 eelef Stolpersteng vum däitsche Kënschtler Gunter Demnig verleeë gelooss. 18 Lokalassociatiounen hunn de Parrainage iwwerholl.

Bei fréieren Hotel Windsor sprécht den Alain Nacache, Groussrabbiner vu Lëtzebuerg, e Gebied fir d'Affer vum Holocaust.

  • De Joseph Kinman, gebuer de 15. Dezember 1906 zu Warschau, verléisst seng Heemecht 1923 a kënnt 1927 op Munneref, nodeem hie virdunn zu Paräis an zu Bréissel geschafft huet. De 25. Mäerz 1928 bestit hien d'Jeanne d'Probst. 1935 associéiert säi Schwéierpapp, den Adolphe Probst hien un der Gérance vum Hotel Bristol, deen d'Famill Probst-Seckler kuerz virdrunn iwwerholl hat. Wéi de Familjebetrib du richteg prosperéiert huet, war dat net zur Freed vun der Konkurrenz. Et goung sou wäit dat d'Gendarmerie obligéiert war eng Enquête ze maachen woubäi awer näischt Negatives iwwer de Probst oder de Kinman eraus koum. An hirem Rapport hunn d'Gendaarme awer missen antisemitisch Aussoen notéiere wéi "Wie ist es nur möglich, dass so einem polnischen Juden hier der Betrieb eines Hotels gestattet wird?"

Beim Iwwerfall vun den däitschen Truppe flücht d'Famill Kinman-Probst a Frankräich wou se an der Géigend vun Nice ënnerkommen. 1943 wunne se ënner falschen Nimm zu Valence, wou si de 24. Dezember 1943 vun der Gestapo festgeholl gi wéinst "activité au profit de la résistance française, fabrication de fausses cartes d'identité pour les réfractaires du STO et pour les hommes du maquis". De Joseph Kinman kënnt an de Camp vun Drancy, vu wou hien de 27. Mäerz an d'KZ Auschwitz deportéiert gëtt. Ënner der Nummer 176258 gëtt hien engem "Arbeitskommando" zougedeelt. Hie stierft den 18. Mee 1944 - "tödlich verunglückt".


  • De Jakob Hayum gouf den 19. Juli 1908 zu Könen, haut e Staddeel vu Konz am Landkrees Tréier-Saarburg, gebuer. 1935 gëtt hie beschëllegt eng Falschausso an engem Prozess gemaacht ze hunn a wéinst Meeneed zu engem Joer an 9 Méint Prisong condamnéiert, déi hien zu Tréier, Münster an Herford ofgesat huet. Den 21. Juni 1938 koum hien als "Häftling 3823" an d'KZ Sachsenhausen, wou hien als "arbeitsscheuer Jude" agedroe gouf. Dunn huet säi Cousin Sylvain Hayum, Directeur adjoint beim Comptoir des fers et métaux, sech dofir agesat, datt hien e Permis de séjour fir Lëtzebuerg sollt kréien. Sou krut hien eng Openthaltserlaabnis fir zwéi Méint a koum den 28. September 1938 iwwer de Prisong vun Tréier op Lëtzebuerg. Well seng Pläng no Iwwerséi ze emigréieren awer kee Succès haten, huet hie gefrot fir de Permis prolongéiert ze kréien. Ënner der Conditioun op Munneref wunnen ze goen ass dat du geschitt.

Hien huet sech am jüdeschen Hotel Hemmendinger ugemellt a schéngt am Hotel Bristol bei der Famill Probst-Seckler geschafft ze hunn. 1939 huet de Jacques (wéi hie sech lo genannt huet) Hayum d'däitsch Nationalitéit verluer a krut provisoresch lëtzebuergesch Pabeieren. Kuerz vrum Amarsch vun den däitschen Truppen ass hien zesumme mat der Famill Probst a Südfrankreich geflücht, wou hien hir jéngsten Duechter d'Relly bestuet huet. De 7. Abrëll koum hir Duechter Paulette zu Montpellier op d'Welt. Zu Pierrefiche, wou hie bei engem Bauer geschafft huet, gouf den Hayum bei enger Razzia opgegraff a koum de 25. Februar 1943 an de Camp zu Gurs, an den Dag drop an de Camp zu Drancy. Mam "Convoi 50" gouf hien de 4. Mäerz an d'KZ Majdanek deportéiert, vu wou hien net méi zréck koum.

Seng Fra Relly, seng Duechter an d'Schwéiereltere konnten de 4. Mäerz 1943 an d'Schwäiz flüchten an hunn de 15. Juni 1945 d'Heemrees op Lëtzebuerg ugetrueden. Vum Hayum senger Famill huet just eng Schwester an e Brudder den Holocaust iwwerlieft.